15 Feb 2013

Faarweg trëfft op Natur

vun Good Idea | Kommentéieren

Wat erwaart eis 2013, wat d’Miwweltrends ubelaangt? Déi gréisste Miwwelfoirë sinn eriwwer an déi Lëtzebuerger Miwwelhändler hunn hir éischt Liwwerunge mat den neie Wuere scho kritt. D’Expertë versécheren: Et gëtt faarweg – mee mat Stil!

Schonn 2011 an 2012 hat sech ugedeit, dass kräfteg Faarwen um Komme sinn. Dëst Joer gëtt et zum Beispill originell eenzel Miwwelstécker, déi mat deels knallege Faarwen am Kontrast stinn zu den éischter dezent gehalene Miwwele ronderëm. Blo wäerte mer och 2013 als Trendfaarf méi dacks gesinn, zum Beispill kombinéiert mat brong a beige. Eent ass sécher: Maximal Individualitéit ass Tromp!

Och wann alles erlaabt ass, sollt een awer drop oppassen, dass een et net ze bont dreift – Stilsécherheet ass ëmmer nach gefrot. An do wiere mer och scho beim zweete groussen Thema um Miwwelmarché 2013: Nohaltegkeet. Naturmaterialien a Produiten, déi ëkologesch hiergestallt sinn, sinn net nëmme gutt fir eis Ëmwelt an eist Gewëssen, mee maachen och Äert Doheem besonnesch gemittlech.

Loscht, déi nei Miwweltrends ze entdecken? Kuckt och op Ameublement.lu!

Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 2 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché