29 Dec 2014

Dës Kannerzëmmerariichtung wiisst mat Ärem Kand

vun Good Idea | Kommentéieren Ech sinn de CommerçantUpdate

Knapps kaaft a schonn draus erausgewuess … dee Problem huet een net nëmmen, wann een d’Kanner akleet, mee dacks genuch och, wann een hiert Zëmmer ariicht. Den neien “Flexa-Shop” zu Stroossen (ënnert der professioneller Gerance vun “Abitare Kids” vu Jonglënster) bitt hei déi entspriechend flexibel (!) Ariichtungsléisungen, déi speziell fir kleng Surfacë gemaach sinn.

Dass d’Mark “Flexa” aus Skandinavien kënnt, gesäit een op den éischte Bléck: Vill Holz an dezenten (zum Deel natierlech geloossenen) Faarwen – wann der Iech fir d’Gamme mam Numm “Flexa Classics” decidéiert. Donieft gëtt et eng weider grouss Linn mam Numm “Flexa White”, där hir Produite gréisstendeels aus MDF-Material bestinn.

Am Flexa-Shop fänkt alles mam Kannerbett un. Vun do aus kënnt Der alles individuell zesummestellen: mat Tirangen, engem Bett, fir erauszezéien, als Héichbett, mat Rutschbahn oder Schreif/Sëtzeck – jee no Alter vum Kand. Passend dozou ginn et och divers eenzel Miwwelstécker. Wonnert Iech also net, wann Är Kanner an Zukunft nëmmen nach ongär aus hirem Zëmmer erauskommen.… et wier gutt ze verstoen!

Good Idea : Fënnef fantastesch Themewelte fir d'Kannerzëmmer: Fir Iech resp. Ären Nowuess gëtt et d'Wiel tëschent den Designe Prinzessin, Dschungel, Ritter, Pirat an Zirkus.
D'Holz, dat verschafft gëtt, staamt aus nohalteger Bëschwirtschaft. D'Textilie ginn aus ëmweltfrëndleche Materialien ouni Schuedstoffer hiergestallt.
Am Online-Shop vun „Abitare Kids“  kënnt Dir vill Flexa-Produiten  direkt kafen.

FLEXA shop


226, route d’Arlon
L-8010 Strassen

 +352 42 27 25 250

 
 Denschdes bis freides vun 10 bis 19 Auer. Samschdes vun 9.30 bis 18 Auer.
Stëmmt of fir d'Good Idea vun der Woch!
All Woch presentéiere mir Iech déi Good Idea mat deene meeschte Stëmmen
Notéieren 0 Stëmmen
Post Är gutt Iddi
0 commentaire
Laisser un commentaire

*Obligatoire

Comment

*required

Kommentieren

*erforderlich

Kommentéieren

*obligatoresch




Besicht de Grand-Duché